# Waldag

Den Dag vun de Walen ass jiddereen, dee sech an d’Wielerlëschte vum Grand-Duché agedroen huet, opgeruff, stëmmen ze goen a seng politesch Vertrieder ze wielen. Ech muss wiele goen, wann ech mech op eng Wielerlëscht agedroen hunn.

Jepeuxvoter.lu
  • Ech kréie spéitstens 5 Deeg virun de Walen eng Convocatioun vu menger Gemeng, op där de Waldag an d’Ëffnungszäite vum Walbüro, an deen ech muss goen, stinn.
  • D’Convocatioun enthält och Instruktiounen (Erklärungen iwwer de Stëmmziedel) an d’Lëscht mat de Kandidaten.

Den Dag vun de Wale muss ech:

  • Tëschent 8.00 a 14.00 Auer an de Walbüro vun der Gemeng, wou ech mäi Wunnsëtz hunn, goen.
  • E gültegt Ausweisdokument (Carte d’identité, Pass, Openthaltsgeneemegung oder Openthaltskaart) mathuelen.
  • Duerno muss ech just nach an d’Walkabinn goen a meng Kräizer maachen.
  • Wéivill Memberen ee Gemengerot huet, hängt vun der Unzuel vun den Awunner vun enger Gemeng of. Je no Awunnerzuel kënnen et 7, 9, 11, 13, 15, 17 oder 19 Memberen an engem Gemengerot ginn. An der Stad Lëtzebuerg sinn et der 27.
All d’Walbüroe maachen um 14 Auer zou. Jepeuxvoter.lu

#Bréifwal

Ech kann eng Demande fir d’Bréifwal maachen.

D’Demande fir d’Bréifwal muss ech an där Gemeng maachen, an där ech agedroe sinn:

  • fréistens 12 Wochen a spéitstens 25 Deeg virum Waldag, wa meng Convocatioun soll op eng Adress zu Lëtzebuerg geschéckt ginn,
  • fréistens 12 Wochen a spéitstens 40 Deeg virum Waldag, wa meng Convocatioun soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.
  • Ech ka meng Demande fir d’Bréifwal online op MyGuichet.lu oder per Post maachen (an eegene Wierder oder op engem Formular, deen ech bei der Gemeng vu mengem Wunnuert kréien).
Jepeuxvoter.lu
Jepeuxvoter.lu

# Walsystem

Fir d’Gemengewale ginn et 2 Walsystemer:

1. An enger Gemeng mat manner ewéi 3.000 Awunner

  • An de Gemenge mat manner ewéi 3.000 Awunner gëtt no dem System vun der relativer Majoritéit („Majorzgemeng“) gewielt.
  • Ech hunn esou vill Stëmmen ewéi d’Zuel vun de Conseilleren, déi an de Gemengerot gewielt musse ginn.
  • Ech gi meng Stëmm of, andeems ech e Kräiz (+ oder x) an d’Case no dem Numm vun engem oder méi Kandidate maachen, bis ech den Total vun de Stëmmen, déi ech zur Verfügung hunn, erreecht hunn.

2. An enger Gemeng mat iwwer 3.000 Awunner

  • A Gemenge mat mindestens 3.000 Awunner gëtt mat Lëschten an engem proportionale Walsystem („Proporzgemeng“) gewielt.
  • Ech hunn esou vill Stëmmen ewéi d’Zuel vun de Conseilleren, déi gewielt musse ginn.
  • Ech kann all Kandidat eng oder zwou Stëmme ginn, bis ech den Total vun de Stëmmen, déi ech zur Verfügung hunn, erreecht hunn.
  • All Kräiz (+ oder x) an enger vun den zwou reservéierte Casen hannert dem Numm vun de Kandidaten entsprécht enger Stëmm fir dëse Kandidat.
  • Ech kann och panaschéieren*, dat heescht, ech verdeele meng Stëmmen op déi verschidde Kandidaten aus de verschiddene Parteien. Ech kann all Kandidat 1 oder 2 Stëmme ginn.
  • Ech kann och déi ganz Lëscht vun enger politescher Partei wielen, andeems ech mäi Kräiz (+ oder x) an d’Case direkt ënnert den Numm vun der politescher Partei maachen. Esou kritt dës politesch Partei all meng Stëmmen.

Saeul

Awunner: 874

Wahl

Awunner: 1.036

Putscheid

Awunner: 1.107

Grosbous

Awunner: 1.112

Kiischpelt

Awunner: 1.209

Fischbach

Awunner: 1.238

Waldbredimus

Awunner: 1.274

Reisdorf

Awunner: 1.288

Bech

Awunner: 1.305

Vichten

Awunner: 1.360

Boulaide

Awunner: 1.391

Winseler

Awunner: 1.403

Nommern

Awunner: 1.439

Ell

Habitants: 155

Heffingen

Awunner: 1.520

Goesdorf

Awunner: 1.595

Bourscheid

Awunner: 1.701

Bous

Awunner: 1.711

Préizerdaul

Awunner: 1.725

Biwer

Awunner: 1.884

Waldbillig

Awunner: 1.902

Berdorf

Awunner: 1.951

Useldange

Awunner: 1.965

Stadtbredimus

Awunner: 1.968

Lenningen

Awunner: 2.071

Schieren

Awunner: 2.073

Lac de la Haute-Sûre

Awunner: 2.084

Weiswampach

Awunner: 2.104

Consdorf

Awunner: 2.123

Flaxweiler

Awunner: 2.158

Vianden

Awunner: 2.161

Tandel

Awunner: 2.214

Manternach

Awunner: 2.216

Larochette

Awunner: 2.220

Garnich

Awunner: 2.221

Colmar-Berg

Awunner: 2.238

Feulen

Awunner: 2.263

Mertzig

Awunner: 2.285

Dalheim

Awunner: 2.358

Erpeldange-sur-Sûre

Awunner: 2.452

Weiler-la-Tour

Awunner: 2.456

Reckange-sur-Mess

Awunner: 2.634

Koerich

Awunner: 2.642

Vallée de l'Ernz

Awunner: 2.687

Leudelange

Awunner: 2.704

Beckerich

Awunner: 2.784

Beaufort

Awunner: 2.901

Bettendorf

Awunner: 2.902

Redange-sur-Attert

Awunner: 2.910

Esch-sur-Sûre

Awunner: 2.982

Wormeldange

Awunner: 3.054

Lintgen

Awunner: 3.235

Bissen

Awunner: 3.269

Troisvierges

Awunner: 3.367

Rosport - Mompach

Awunner: 3.631

Sandweiler

Awunner: 3.659

Parc Hosingen

Awunner: 3.732

Remich

Awunner: 3.787

Contern

Awunner: 3.968

Kopstal

Awunner: 4.116

Betzdorf

Awunner: 4.149

Schuttrange

Awunner: 4.272

Lorentzweiler

Awunner: 4.348

Dippach

Awunner: 4.461

Helperknapp

Awunner: 4.538

Wincrange

Awunner: 4.574

Rambrouch

Awunner: 4.589

Mertert

Awunner: 4.703

Frisange

Awunner: 4.769

Habscht

Awunner: 4.803

Schengen

Awunner: 4.956

Grevenmacher

Awunner: 4.981

Mondorf-les-Bains

Awunner: 5.404

Steinsel

Awunner: 5.500

Clervaux

Awunner: 5.605

Rumelange

Awunner: 5.613

Steinfort

Awunner: 5.617

Echternach

Awunner: 5.650

Kehlen

Awunner: 6.138

Niederanven

Awunner: 6.349

Roeser

Awunner: 6.560

Mondercange

Awunner: 6.982

Diekirch

Awunner: 7.047

Wiltz

Awunner: 7.533

Junglinster

Awunner: 8.233

Walferdange

Awunner: 8.418

Bertrange

Awunner: 8.472

Ettelbruck

Awunner: 9.246

Kayl

Awunner: 9.668

Mersch

Awunner: 10.018

Mamer

Awunner: 10.218

Strassen

Awunner: 10.249

Käerjeng

Awunner: 10.517

Schifflange

Awunner: 11.291

Bettembourg

Awunner: 11.374

Hesperange

Awunner: 15.657

Sanem

Awunner: 17.895

Pétange

Awunner: 20.084

Dudelange

Awunner: 21.513

Differdange

Awunner: 27.869

Esch-sur-Alzette

Awunner: 36.228

Luxembourg

Awunner: 12.4509

  • Proporzgemeng: Populatioun vu méi wéi 3.000 Awunner
  • Majorzgemeng: Populatioun vu manner wéi 3.000 Awunner
Olá