Als EU-Bierger deen zu Lëtzebuerg lieft, kann ech op zwou Aart a Weisen un den Europawalen deel huelen:

  • Entweder wielen ech wéi eng 6 Representantë vum Grand-Duché am Europäesche Parlament solle vertruede sinn

  • Oder ech wiele fir déi europäesch Parlamentarier aus mengem Heemechtsland.

All d‘Lëtzebuerger sinn automatesch an d’Wielerlëschten agedroen. Fir si ass de Vott obligatoresch.

1

Fir d’Representanten aus dem Grand-Duché an d’Europaparlament ze wielen (1. Optioun), muss ech folgend 4 Konditiounen erfëllen:

  • Den Dag vun de Walen (9. Juni 2024) muss ech 18 Joer hunn

  • Zu Lëtzebuerg ugemellt sinn an do liewen, deen Ament wou ech mech an d’Wielerlëschten aschreiwen

  • Ech muss mech bis spéitstens de 15. Abrëll 2024 um 17 Auer an d’Wielerlëschten aschreiwen

  • Ech dierf meng Biergerrechter a mäi Walrecht weder a mengem Heemechtsland nach zu Lëtzebuerg entzu kritt hunn

2

Fir Representanten aus mengem Heemechtsland zu wielen (2. Optioun), muss ech mech bei den zoustännegen Autoritéiten a mengem Heemechtsland oder bei mengem Konsulat/menger Ambassade mellen.