D’Aschreiwung an d’Wielerlëschten ass einfach! Ech ka mech entweder online iwwer Guichet.lu oder bei menger Gemeng aschreiwen.

1
Optioun 1: Online-Aschreiwung

Ech hunn d’Méiglechkeet, mech schonn elo, a spéitstens bis 55 Deeg virun de nächste Walen (15. Abrëll 2024 um 17 Auer) mat mengem Luxtrust-Zertifikat elektronesch iwwer Guichet.lu anzeschreiwen. Dës Demarche kascht mech nëmmen e puer Minutten an erspuert mir en Deplacement bei d’Gemengeverwaltung vu mengem Wunnsëtz.

Opgepasst: mäi Luxtrust Produit muss en aktiven Zertifikat hunn.
2
Optioun 2: Ech melle mech bei menger Gemengeverwaltung un

Ech gi virum 15. Abrëll um 17 Auer mat engem gültegen Identitéitsdokument (Carte d’Identité oder  Pass) bei d’Gemengeverwaltung vu mengem Wunnsëtz.

Gutt ze wëssen
· Ech passen op d’Ëffnungszäite vu menger Gemeng op, wann ech mech wëll umelle goen
· Wann ech bis eng Kéier fir d’Europawalen ugemellt sinn, sinn ech automatesch fir all weider EU-Walen ugemellt a muss dann och wiele goen. Sollt ech an eng aner Gemeng plënneren, ginn ech automatesch an de Wielerlëschte vu menger neier Gemeng opgeholl.
· All net-lëtzebuerger Wieler kann ufroen, fir aus de Wielerlëschten eraus geholl ze ginn.
· Ech kann d’Bréifwal ufroen.

Wann ech wëll fir d’Vertrieder aus mengem Heemechtsland wielen, muss ech mech bei menger Ambassade oder mengem Konsulat mellen.