Wéini sinn déi nächst Europawalen?

D’Europawale sinn all 5 Joer. Déi nächst Wale sinn den 9. Juni 2024.

Ech sinn den Dag vun den Europawalen net zu Lëtzebuerg. Wat muss ech maachen?

All d’Wieler, déi zu Lëtzebuerg op der Lëscht fir d’Euopawale stinn, kënne per Bréifwal wielen.

Meng Demande fir d’Bréifwal muss ech an där Gemeng maachen, an där ech wiele muss:

  • fréistens 12 Wochen a spéitstens 25 Deeg virun de Walen, wa meng Convocatioun soll op eng Adress zu Lëtzebuerg geschéckt ginn
  • fréistens 12 Wochen a spéitstens 40 Deeg virun de Walen, wa meng Convocatioun soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.

Ech ka meng Demande fir d’Bréifwal elektronesch op Guichet.lu oder per Post maachen (an eegene Wierder oder mat engem Formular, deen ech bei der Gemeng vu mengem Wunnuert kréien).

Opgepasst: Bedenkt d’Zoustellungsfriste bei all den nationalen an internationale Postsendungen.

Wichteg: Ech benotzen d’Enveloppe, déi bei der Convocatioun dobäi läit, a schreiwen oder molen näischt op d’neutral Enveloppe.

Méi Infoen:

Meng Demande fir d’Bréifwal

Ass d’Wal obligatoresch?

Jiddereen, deen an d’Wielerlëschten agedroen ass, muss wiele goen. Ech ka mech net vertriede loossen. Op Ufro kann ee per Bréifwal wielen.

Méi Infoen:

Meng Demande fir d’Bréifwal

Wann ech net ka wiele goen, da muss ech dëst dem Procureur d’État, dee fir meng Regioun zoustänneg ass, matdeelen a meng Demande begrënnen.

Meng Virlag fir d’Erklärung, dass ech net ka wiele goen

Folgend Persoune mussen net wiele goen a sinn automatesch entschëllegt:

  • Wann een den Dag vun de Walen an enger anerer Gemeng wunnt ewéi där, wou ee fir d’Wal convoquéiert ginn ass.
  • Wann een iwwer 75 Joer huet.
Kann ech mech als EU-Bierger mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg vun de Wielerlëschte sträiche loossen?

Jo, ech kann eng Demande maachen, fir vun de Wielerlëschte gestrach ze ginn. Heifir muss ech mech un d’Gemeng vu mengem Wunnuert wenden.

Mäin Numm gëtt automatesch gestrach, wann ech d’Konditioune fir d’Ausübe vum Walrecht net méi erfëllen. Fir Lëtzebuerger gëllt d’Walflicht bis 75 Joer.

Kann een anere fir mech wiele goen?

Nee. Wieler, déi an d’Wielerlëschten agedroe sinn, kënne sech net vertriede loossen.

Ech si kierzlech an eng aner Gemeng geplënnert. Sinn ech nach ëmmer ageschriwwen?

Jo. De Buergermeeschter vu menger aler Gemeng deelt menger neier Gemeng mat, dass ech mäi Wunnsëtz gewiesselt hunn, an ech muss mech net nach emol an d’Wielerlëschten androe loossen.

Wéi eng Dokumenter muss ech den Dag vun den Europawale mathuelen?

Den Dag vun de Wale muss ech entweder meng Carte d’identité oder mäi Pass am Walbüro weisen.

Wéi laang hunn d’Walbüroen op?

Ech ka vun 8.00 Auer moies bis 14.00 Auer nomëttes wiele goen.

Kann ech an e puer Länner wiele goen?

Nee, ech ka just an engem Land wielen, entweder zu Lëtzebuerg oder a mengem Heemechtsland. Wann ech fir d’Representanten aus mengem Heemechtsland wëll wielen, da mellen ech mech bei menger Ambassade oder mengem Konsulat.

Wien dierf net wiele goen?

Ech dierf net wiele goen, wann:

  • ech wéinst engem Verbrieche verurteelt gi sinn
  • ech wéinst enger Strofdot verurteelt gi sinn an de Riichter mir och d’Walrecht entzunn huet
  • ech 18 Joer hunn an ënner Tutelle stinn.
Wie ka sech opsetzen?

Zu Lëtzebuerg gehéieren d’Kandidaten enger Partei oder enger politescher Organisatioun un.

Fir wéi laang ginn d’Europadeputéiert gewielt?

D’Europadeputéiert gi fir 5 Joer gewielt.

Wéini ass mäi Stëmmziedel ongülteg?

Mäi Stëmmziedel ass ongülteg:

  • wann ech méi Kräizer maachen ewéi et Kandidate ginn
  • wann ech kee Kräiz op mengem Stëmmziedel maachen (wäisse Stëmmziedel)
  • wann ech op mengem Stëmmziedel eppes duerchsträichen, eppes drop schreiwen oder molen
  • wann ech op mengem Stëmmziedel en Zeeche maachen, duerch dat ee mech erkenne kann
  • wann ech en anert Blat oder en aneren Objet a mäi Stëmmziedel leeën
  • wann ech eng aner Enveloppe benotzen, fir mäi Stëmmziedel zeréckzeschécken ewéi déi, déi meng Gemeng mir zur Verfügung stellt (Bréifwal)
  • wann ech en Zeechen op d’neutral Enveloppe, déi meng Gemeng mir zur Verfügung stellt, maachen (Bréifwal).

Ongülteg Stëmmziedele gi beim Ausziele vun de Stëmmen net berücksichtegt.

Kann ech mech als EU-Bierger mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg vun de Wielerlëschte sträiche loossen?

Jo. Ech kann eng Demande maachen, fir vun de Wielerlëschte gestrach ze ginn. Heifir muss ech mech un d’Gemeng vu mengem Wunnuert wenden. Mäin Numm gëtt automatesch gestrach, wann ech d’Konditioune fir d’Ausübe vum Walrecht net méi erfëllen. Fir Lëtzebuerger gëllt d’Walflicht bis 75 Joer.

Muss ech mech vun der Wielerlëschte sträiche loossen, wann ech Lëtzebuerg defintiv verloossen?

Nee. Ab deem Zäitpunkt, wou ech der Gemeng vu mengem Wunnuert matdeelen, dass ech Lëtzebuerg verloossen, hunn ech keen offizielle Wunnsëtz méi zu Lëtzebuerg a ginn automatesch vun de Wielerlëschte gestrach.

Ech sinn eng Persoun mat enger Behënnerung. Dierfe Persoune mat enger kierperlecher oder visueller Behënnerung sech am Walbüro hëllefe loossen?

Wann ech net gutt gesinn oder eng kierperlech Behënnerung hunn, erlaabt mir de President vum Walbüro, e Guide oder eng aner Persoun als Begleedung matzebréngen. Wann ech net an der Lag sinn, selwer ze wielen, dierf dës Persoun d’Kräizer fir mech maachen.

Ech dierf an der Walkabinn net begleet gi vun:

  • de Walkandidaten oder Persounen, déi bis zum zweete Grad mat hinne Famill sinn
  • Persoune mat engem gewielte Mandat op nationalem, europäeschem oder Gemengenniveau
  • Persounen, déi net liesen oder schreiwe kënnen
  • Persounen, déi laut Artikel 6 vum Walgesetz net wielen dierfen.

Bei engem visuellen Handicap hunn ech d’Recht op eng taktil Walschabloun, déi am Walbüro zur Verfügung gestallt gëtt. E Member vum Walbüro ka mat mir an eng Walkabinn goen, fir mir ze hëllefen, mäi Stëmmziedel richteg an d’taktil Walschabloun ze leeën.

Wieler mat engem visuellen Handicap sinn och berechtegt, hir Stëmm mat Hëllef vun der taktiler Walschabloun, déi hinne laut Règlement grand-ducal vum jeeweilegen Organismus zur Verfügung gestallt gëtt, ofzeginn. Wieler mat engem visuellen Handicap, déi ouni eng taktil Walschabloun an de Walbüro kommen, kënnen d’Schabloun, déi vum Walbüro zur Verfügung gestallt gëtt, benotzen. Duerno musse si d’Schabloun dem President vum Walbüro nees zeréckginn. E Member vum Walbüro ka Wieler mat engem visuellen Handicap an eng Walkabinn begleeden, fir hinnen ze hëllefen, de Stëmmziedel richteg an d’taktil Walschabloun ze leeën.

Wou fannen ech d’Resultater vu fréiere Walen?

D’Resultater vun den Europawale stinn op der Websäit elections.public.lu.

Wéi schreiwen ech mech online an?

Ech ka mech ab elo a bis spéitstens 55 Deeg virum Waldag um Portal Guichet.lu mat mengem LuxTrust-Certificat elektronesch androen.

Dës Demarche dauert just e puer Minutten an ech spuere mir de Wee op d’Gemeng vu mengem Wunnuert.

Opgepasst: Mäi LuxTrust-Produit muss en aktivéierte Certificat hunn, fir dass ech mech op Guichet.lu alogge kann.

Wéi aktivéieren ech mäi Luxtrust-Produit?

Ech ka mäi LuxTrust-Produit direkt iwwer dëse Link aktivéieren. Ech muss just mäi Produit auswielen.

Wann ech kee LuxTrust-Produit hunn, da kann ech een op luxtrust.lu bestellen.

Kann ech mech androen, wann ech 17 Joer hunn?

Dat kënnt drop un. Fir bei den Europawale wielen ze kënnen, muss ech op deem Dag 18 Joer hunn. Deemno kann ech mech mat 17 Joer an d’Lëschten androen, wann ech um Waldag volljäreg sinn.

Muss ech en Openthaltszertifikat am Walbüro weisen?

Et besteet keng Openthaltsklausel am Gesetz, sou dass ech och keen Openthaltszertifikat muss weisen.

Kann ech och bei de Gemengewale wielen, wann ech mech fir d’Europawalen an d’Wielerlëschten androe loossen?

Nee, fir bei de Gemengwale wielen ze kënnen, muss ech mech eng zweete Kéier androen.

A bei de Parlamentswalen?

Nee, och net. Bei de Parlamentswalen dierfe just Lëtzebuerger wiele goen.

Kënne sech Persounen, déi internationale Schutz hunn (Flüchtlingsstatus oder subsidiäre Schutzstatus), an d’Wielerlëschten androe loossen?

Nee, bei den Europawale kënne just EU-Bierger mat wiele goen.

Besteet Walflicht fir EU-Bierger, déi sech an d’Wielerlëschten androen?

Jo, genee wéi d’Lëtzebuerger sinn ech verflicht wielen ze goen, soubal ech an d’Wielerlëschten agedroe sinn.