Wie ka wielen?
Als EU-Bierger deen zu Lëtzebuerg lieft, kann ech op zwou Aart a Weisen un den Europawalen deel huelen:
Entweder wielen ech wéi eng 6 Representantë vum Grand-Duché am Europäesche Parlament solle vertruede sinn
Oder ech wiele fir déi europäesch Parlamentarier aus mengem Heemechtsland.
All d‘Lëtzebuerger sinn automatesch an d’Wielerlëschten agedroen. Fir si ass de Vott obligatoresch.
Fir d’Representanten aus dem Grand-Duché an d’Europaparlament ze wielen (1. Optioun), muss ech folgend 4 Konditiounen erfëllen:
Den Dag vun de Walen (9. Juni 2024) muss ech 18 Joer hunn
Zu Lëtzebuerg ugemellt sinn an do liewen, deen Ament wou ech mech an d’Wielerlëschten aschreiwen
Ech muss mech bis spéitstens de 15. Abrëll 2024 um 17 Auer an d’Wielerlëschten aschreiwen
Ech dierf meng Biergerrechter a mäi Walrecht weder a mengem Heemechtsland nach zu Lëtzebuerg entzu kritt hunn
Fir Representanten aus mengem Heemechtsland zu wielen (2. Optioun), muss ech mech bei den zoustännegen Autoritéiten a mengem Heemechtsland oder bei mengem Konsulat/menger Ambassade mellen.