Allgemeng Notzungsbedéngungen

Wien op dësem Portal ugebueden Informatiounen, Dokumenter, Produkter, Softwareprogrammer an eenzel Servicer (allgemeng d’“Servicer”) benotzt, hëlt domat déi virleiend Allgemeng Notzungsbedéngunge mat all hire Bestëmmungen zur Kenntnes a stëmmt dësen zou.

Flichte vum Benotzer

Op dëst Portal gëtt iwwer Internet zougegraff. De Benotzer erkläert, dass hien déi domat verbonne Risike kennt an se acceptéiert. Hie muss sech virun Internetpiraterie schützen, andeems hien eng gëeegent a sécher Computerkonfiguratioun wielt.

De Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil kann net fir Schied verantwortlech gemaach ginn, déi de Benotzer direkt oder indirekt a Verbindung mat senger Navigatioun op dësem Portal an der Benotzung vu senge Servicer sou wéi vun den Internetsäiten, op déi verwise gëtt, ausstoe géif.

D’Benotze vun der Internetsäit ass gratis.

Verwaltung vu Cookien

Dës Internetsäit ka Cookien, d.h. kleng Textfichiere fir d’Analys vun den Informatiounen iwwert d’Navigatioun vum Benotzer (Heefegkeet vun de Besich, Dauer vun de Besich, ofgeruffe Säiten, Sproochastellungen, asw.), benotzen. Si gi vun dëser Internetsäit an en heifir virgesinnene Repertoire op dem Computer vum Benotzer ofgeluecht. Si enthalen den Numm vum Server, deen si geschaaft huet, en Identifiant a Form vun enger eendeiteger Nummer an en Oflafdatum. Den eendeitegen Identifiant erméiglecht dësem Portal, de Computer vum Benotzer bei all Besuch erëmzerkennen.

De Benotzer ka selwer entscheeden, ob de Webserver vun dësem Portal autoriséiert ass oder net, Cookien op sengem Computer ze späicheren. Hien huet jidderzäit d’Wiel, d’Astellunge vu sengem Browser esou festzeleeën, dass Cookien net acceptéiert oder gespäichert ginn. Ausserdeem kann hien déi scho gespäichert Cookien a sengem Browser jidderzäit läschen.

D’Benotzung vu bestëmmte Funktioune vun dësem Internetsite ka limitéiert oder desaktivéiert sinn, wann de Benotzer d’Cookien ofleent. Dem Benotzer gëtt also recommandéiert, säi Browser esou anzestellen, dass d’Cookië vun dësem Portal acceptéiert ginn.

De Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil behält sech d’Recht vir, wéinst Maintenanceaarbechten, Aktualiséierungsmoossnamen oder aus aneren noutwennege Grënn ouni Ukënnegung Weiderentwécklungen, Ännerungen oder Ënnerbriechunge vun dësem Portal auszeféieren. De Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil kann ënner anerem zu all Moment existent Informatiounen a Servicer vun dësem Portal ganz oder deelweis ewechhuelen, dobäisetzen, ergänzen oder präziséieren. Dem Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil ka keng Responsabilitéit zougewise gi fir Schied an direktem oder indirektem Zesummenhang mat dësen Ännerungen.

Allgemeng Responsabilitéitsaschränkungen

De Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil garantéiert déi bescht méiglech Disponibilitéit vun dëser Internetsäit.

De Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil garantéiert déi bescht méiglech Sécherheet vum Datesystem. Allerdéngs kann hien am Fall vun engem Cyberugrëff oder der zäitweileger oder vollstänneger Indisponibilitéit vun der Internetsäit net verantwortlech gemaach ginn.

De Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil garantéiert déi bescht méiglech Genauegkeet vun den Informatiounen oder Servicer op dëser Internetsäit. Ausgeschloss ass allerdéngs seng Responsabilitéit virun allem am Fall vun ausgeloossenen Aktualiséierunge vun enger Informatioun oder vun engem Formulaire, vu Feeler bei Systemmanipulatiounen oder Verschlësselungen, vun ongeneeën oder onvollstännegen Angaben a feelerhaften, ongeneeën oder onvollstännegen Informatiounen. D’Zil besteet zwar doran, richteg an aktuell Informatiounen aus verschiddene Quellen ze verbreeden, mä de Ministère kann allerdéngs net all Risiko vun engem sachlechen Iertum ausschléissen. Keng vun den op dëser Internetsäit verëffentlechten Informatiounen huet Usproch op Vollstännegkeet oder ass dem Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueilgéigeniwwer verflichtend.

Haftungsbeschränkung vun dëser Internetsäit

D’Haftung vun dësem Internetsite gëtt fir all direkt an indirekt Folgen ausgeschloss:

eng feelend Kompatibilitéit tëscht dem ugebuedenen Dëngscht an de Geräter, Uwendungen, Verfahren oder Infrastruktueren vum Benotzer a vun Drëtten;

Secherheetslücken, déi vum Benotzer oder engem Drëtten verursaacht ginn, a ganz allgemeng Secherheetslücken, déi net direkt op dësem Internetsite zouzeschreiwe sinn;

Folgen vu Feeler an/oder Bedruch duerch de Benotzer oder en Drëtten;

Eng méiglech Net-Verfügbarkeet oder Feelfunktioun vun elektroneschen Kommunikatiounssystemer oder -netzer.

Hyperlinken a verbonnen Internetsäiten

Dësen Internetsite ka Linken op aner Websäiten enthalen, déi fir de Benotzer nëtzlech oder interessant kënne sinn. De Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil kontrolléiert den Inhalt vun dëse Säiten net systematesch. Hie kann also net fir den Inhalt vun dëse Säite verantwortlech gemaach ginn, weder a Bezuch op hir Legalitéit nach op d’Richtegkeet vun den do enthalenen Informatiounen.

Geeschtegt Eeegentum

Dësen Internetsite, all seng Komponenten (och de Layout) esou wéi d’Informatiounen an d’Servicer sinn duerch d’Gesetzer iwwert d’geeschtegt Eegentum an d’Auteursrechter geschützt.

Souwäit net anescht uginn, accordéiert de Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil keng Lizenz oder Geneemegung a Bezuch op geeschteg Eeegentumsrechter, déi hien op dës Internetsäit, seng Komponenten oder Servicer huet.

Souwäit net anescht uginn, ass de Benotzer autoriséiert, ouni prealabel Ufro, all d’Textdokumenter ze consultéieren, erofzelueden oder ze drécken.

Souwäit net anescht uginn, ass d’Reproduktioun vun aneren Inhalter (Fotoen, Videoen, Audiofichieren, digital Animatiounen, Grafiken, asw.) ënner Angab vun der Quell autoriséiert.

Dës Inhalter däerfen op kee Fall fir Sue verkaaft oder verlount ginn.

All vollstänneg oder partiell Ännerung, Transformatioun oder Upassung vun de genannten Inhalter ass verbueden.

D’Benotzer, déi Inhalter vun dësem Portal reproduzéieren, verflichte sech, dat am Respekt vun der Mënschewürd an der Persoun ze maachen.

D’Rechter, déi Iech uewen implizit oder explizit accordéiert goufen, stellen eng Benotzungsautorisatioun duer an op kee Fall en Oftriede vu Rechter, Proprietéit oder Anerem am Zesummenhang mat dësem Portal.

Ännerung vun den Allgemengen Notzungsbedéngungen

Déi virleiend Allgemeng Notzungsbedéngunge kënnen zu all Moment an ouni Ukënnegung, wéinst Ännerunge vun dëser Internetsäit, vun der Legislatioun oder aus aneren noutwennege Grënn, geännert oder ergänzt ginn. Et ass d’Aufgab vum Benotzer, sech iwwert d’Allgemeng Notzungsbedéngunge vun dësem Portal z’informéieren, vun deenen nëmmen d’Onlineversioun gëlteg ass.

Ze applizéierend Gesetz

Sträitfäll am Zesummenhang mat dësem Internetsite a senge Servicer ënnerleien dem lëtzebuergesche Gesetz a falen ausschliisslech an den Zoustännegkeetsberäich vun de lëtzebuergesche Geriichter.

Dateschutz

Allgemenges

Perséinlech Daten, déi de Benotzer iwwermëttelt, ginn am Aklang mam geännerte Gesetz vum 2. August 2002 iwwert de Schutz vu physesche Persoune bei der Beaarbechtung vu perséinlechen Date behandelt.

Déi op dësem Internetsite gesammelt Date stamen nëmmen aus fräiwëlleg agedroene perséinlechen Daten, z.B. beim Abonnéiere vun enger Newsletter, beim Benotze vun engem Kontaktformulaire oder beim Bestelle vu Publikatiounen.

Dem Dateschutzgesetz no huet de Benotzer d’Recht, op Daten, déi hie selwer betreffen, zouzegräifen, dës Daten ze änneren oder sech der Beaarbechtung vun dësen Daten ze widdersetzen. Wann de Benotzer dëst Recht an Usproch huele wëll, muss hien eng schrëftlech Demande maachen un : dpo@tr.etat.lu. De Benotzer ka sech bei Sträitfäll an dësem Beräich och un déi national Kommissioun fir Dateschutz mat Sëtz an der 1, Avenue du Rock’n’Roll, L-4361 zu Esch-Uelzecht wenden.

Präsenz op de sozialen Netzwierker

Moderatiounspolitik

All Benotzer, deen der Community vun dëser Internetsäit op de sozialen Netzwierker bäitrëtt, verflicht sech, all Form vun Diskriminatioun a Bezuch op Rass, Hautfaarf, Relioun, Geschlecht, sexuell Orientéierung, Alter, Originnen, Behënnerung, Familljen- oder Beruffsstand z’ënnerloossen.

Beleidegungen a rassistesch, sexistesch oder beleidegend Äusserunge sinn op de sozialen Netzwierker z’ënnerloossen. Dës gi geläscht a gemellt. All kommerziell Inhalter ginn och geläscht.

Commentairen op de sozialen Netzwierker Facebook an Twitter gi vu Méindeg bis Freideg zu Büroszäite beäntwert. Ausserhalb vun dësen Auerzäiten, während Weekender a Feierdeeg gëtt keng permanent Verwaltung vun de Säite bedriwwen.