Den Dag vun de Walen

Den 9. Juni 2024 sinn all d’Lëtzebuerger an all déi an d’Wielerlëschten agedroe Residente mat enger EU-Staatsbiergerschaft opgeruff fir 6 Vertrieder vum Grand-Duché am Europäesche Parlament ze wielen.

Ech kréie spéitstens 5 Deeg virun de Walen eng Convocatioun vu menger Gemeng, op där de Waldag an d’Ëffnungszäite vum Walbüro, an deen ech muss goen, stinn. D’Convocatioun enthält och Instruktiounen (Erklärungen iwwer de Stëmmziedel) an d’Lëscht mat de Kandidaten.

Den Dag vun de Wale muss ech:

  • Tëschent 8.00 a 14.00 Auer an de Walbüro vun der Gemeng, wou ech mäi Wunnsëtz hunn, goen.

  • E gültegt Dokument mat deem ech mech ausweise kann (Carte d’identité, Pass) mathuelen.

Duerno muss ech just nach an d’Walkabinn goen a meng Kräizer maachen.



Bréifwal

D’Demande fir d’Bréifwal muss ech an där Gemeng maachen, an där ech agedroe sinn:

  • fréistens 12 Wochen a spéitstens 25 Deeg virum Waldag, wa meng Convocatioun soll op eng Adress zu Lëtzebuerg geschéckt ginn,

  • fréistens 12 Wochen a spéitstens 40 Deeg virum Waldag, wa meng Convocatioun soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.

Ech ka meng Demande fir d’Bréifwal online op Guichet.lu oder per Post maachen (an eegene Wierder oder op engem Formular, deen ech bei der Gemeng vu mengem Wunnuert kréien).

Wéi gëtt gewielt

Zu Lëtzebuerg wiele mir 6 Europadeputéierter fir eng Amtszäit vu 5 Joer. Déi politesch Parteie musse Kandidatelëschten opstellen. D’Wale sinn direkt: Ech wielen also d’Deputéiert direkt, ouni Mëttelspersounen. Ech hunn esou vill Stëmme wéi et Deputéierter ze wiele gëtt, dat heescht 6 Stëmmen. Ech ka meng Stëmmen op 2 Aart a Weise verginn:

Duerch eng Lëschtestëmm

  • Ech kann ee Kräiz (+ oder x) an d’Këscht iwwer der Lëscht maachen an esou all Kandidat op dëser Lëscht eng Stëmm ginn.

Opgepasst: Wann ech ee Kräiz iwwer eng Lëscht mat manner wéi 6 Kandidate maachen, hunn ech alle Kandidate vun dëser Lëscht eng Stëmm ginn. Déi Stëmmen, déi ech nach iwwreg hu, kann ech entweder op Kandidate vun anere Lëschte verdeelen oder de Kandidate vun der Lëscht, déi ech gestëmmt hu, maximal eng zousätzlech Stëmm ginn. Ech dierf net méi wéi 6 Stëmme verginn.

Wann déi Lëscht, iwwer déi ech mäi Kräiz maachen, manner wéi 6 Kandidaten huet, kann ech déi Stëmmen, déi ech nach iwwreg hunn, no mengem Choix verginn.

  • Oder duerch Eenzelstëmmen
    Eng aner Méiglechkeet fir meng Stëmmen ofzeginn ass, all Kandidat eng oder zwou Stëmmen ze ginn, bis ech all meng 6 Stëmme verginn hunn. All Kräiz (+ oder x) an enger Këscht hannert dem Numm vun engem Kandidat gëllt als eng Stëmm fir dëse Kandidat. Zu Lëtzebuerg dierf ee panaschéieren, dat heescht dass ech Kandidate vu verschiddene Parteie Stëmmen dierf ginn – ech dierf awer ni méi wéi insgesamt 6 Kräizer maachen.